Accéder au contenu principal

Renovatioun vun de Ponts & Chaussées-Häisercher

Traditioun erhaale mat Sorgfalt an Know-how

17 Mai 2026

Déi bekannt Ponts & Chaussées-Häisercher, wien kennt se net, gehéieren zanter Joerzéngten zum vertraute Bild an eiser Landschaft. Mat vill Respekt virun der bestehender Architektur an dem historesche Charakter kënnen dës Gebäier elo nees an hiirem beschte Liicht erschéngen.

An enker Zesummenaarbecht mat de Responsablen vun Ponts & Chaussées an dem Institut national pour le patrimoine architectural (INPA) goufen déi néideg Aarbechten am Detail ausgeschafft an oofgestëmmt. Dobäi stoung ëmmer den Erhalt vum originelle Charakter am Mëttelpunkt.

Am Kader vum Projet goufen:

  • d’Daachdeckungen komplett renovéiert (CFC s.à r.l.),
  • d’Fassaden opgefrëscht an nei ugestrach,
  • d’Fënsteren an d’Dieren iwwerpréift, restauréiert an nei ugestrach (Peinture de l'Est s.à r.l.).

Mat handwierklecher Präzisioun an engem héije Qualitéitsusproch konnt esou e Resultat erreecht ginn, dat sech wierklech weise léisst. D’Häisercher straalen nees an engem neie Glanz a bleiwen domat och fir déi nächst Generatiounen e wichtegen Deel vun eisem Patrimoine.