Accéder au contenu principal

Label SuperDrecksKëscht

12 Mai 2026

Novus ausgezeechent mam Qualitéitslabel SuperDrecksKëscht fir en nohaltegen Emgang mat Ressourcen.
Dëse Qualitéitslabel steet fir Offallvermeidung, eng separat, propper a secher Offalltrennung an och fir eng beschtméiglech Ofwécklung vun den Offäll. D‘Stréim vun de Produiten (Offall) sinn transparent an nozevollzéien. Zu de Kritäre vum Qualiteitslabel zielt nieft der richteger Behandlung vun de Produiten (Offall) och d‘Motivatioun vun alle Bedeelegten an den Asaz an de Gebrauch vun offallaarme Materialien. Den Label entsprécht den Ufuerderunge vun der DIN EN ISO 14024.