D’letzt Woch hun mir d’Réceptioun vun engem Chantier konne maachen, bei deem mir eng Kichen, e Living mat Uewen, eng separat Toilette an e Buedzëmmer komplett renovéiert hun. Well d’Haus keng zentral Waarmwaasserhierstellung haat, hu mir dëst Geleeënheet genotzt, fir en Zentralboiler ze installéieren an och d’Sanitärleitungen komplett ze erneieren.
Wéi et bei esou Renovatioune heiansdo de Fall ass, sinn och hei kleng Erausfuerderungen an Imprévuën opgetaucht. Och an dësen Fäll, konnt de Client sech op eis séier an kompetent Ausféierung verloossen.
De Projet gouf fristgerecht an enker Zesummenaarbecht mat eise bewährte Partner ofgeschloss: GABBANA fir Heizung a Sanitär, HUSStec fir d’Elektrësch, EMIL ANTONY fir den Uewen an PEINTURE DE L'EST fir den Ustrach.
Mir soën MERCI fir d'Vertrauen!