Accéder au contenu principal

Mat Rou duerch d’Wieder – Traditioun, déi hiert Verspriechen hält

5 Décembre 2025

Trotz de schwéieren Wiederkonditiounen vun de leschten Deeg si mir bei NOVUS mat Rou an Handwierksgefill virugaangen. Mir konnten nach eng Rei Alentours-Chantieren fristgerecht ofschléissen – e kloert Zeechen, datt mir eisen Timing a Plang ëmmer fest am Grëff hun.

Mir schaffen no de Wäerter, déi eis zanter jee begleeden: Zouverlässegkeet, Traditioun an e respektvollen Ëmgang mam Handwierk. Och wann d’Natur heiansdo hiert eegent Tempo virschreift, bleiwe mir drun, mat déiselwechter Sorgfalt an déiselwechter Uerdnung, déi eis Aarbecht ausmécht.