Skip to main content

Mat Novus op Vertraue bauen

Wéi dir als Client vun eis wësst ass Novus eng Firma, déi duerch hire breede Spektrum u Servicer déi ënnerschiddlechst Projeten realiséieren kann. Mat eisem Team vu professionelle Spezialisten bitt Novus héichwäerteg Léisungen an de follgenden Beräicher, déi Dir vläicht och nach net entdeckt hutt, un:

Renovatioun / Transformatioun

Wëllt Dir Ärem Doheem e neie Look ginn? Sicht net weider: NOVUS ass de richtege Spezialist fir Renovatioun hei zu Lëtzebuerg. Mat eiser Kompetenz kenn dir äert Haus vum Keller bis zum Späicher no äre Wënsch transforméiere.
Och energeetesch Sanéierungen hu mir an eisem Repertoire.
Méi Informatiounen
 

Gestaltung vun Außenanlagen

Eis Stäerkte limitéieren sech net op bannen, ma si reeche bis no baussen. NOVUS bitt Iech als qualifizéiert Firma eng breet Pallette vun Déngschtleeschtungen un, fir är Zougäng, är Weeër, är Garagenentréen a souguer är Terrass ze renovéieren. Alles fir aus ärem Gaart zee richteget Doheem ze maachen.
Méi Informatiounen
 

Fënsteren

NOVUS huet eng grouss Auswiel u Fënstere fir all Goût a virun allem fir
all Zorte vu Wunnengen. Eis breet Pallette entsprécht enger strenger
Auswiel, baséierend op héichwäertege Materialien. Dat ass eng Garantie
fir een optimaalt Endresultat tëscht Design a Leeschtung.
Méi Informatiounen
 

Dieren

Entdeckt eis grouss Pallette vu Bannen- a Baussendieren. Mir bidden Iech komplett ugepasste Léisunge fir äert Doheem auszestatten. Wielt tëscht traditionellen oder modernen Dieren, klasseschen oder Schibedieren, ... Fannt Äre Gléck bei NOVUS.
Méi Informatiounen
 

Ariichtung

Fir sech gutt an der eegener Wunneng ze fillen, bitt NOVUS Iech e komplett Service fir d'Ariichtung vun Ärer Wunneng un. Loosst Iech inspiréieren vun den innovative Léisungen, déi un Är Bedierfnesser ugepasst sinn. Är Dreem gi Realitéit mat NOVUS.
Méi Informatiounen
 

Buedembelag

Mir bieden Iech eng flott Pallette vun natierlechen a syntheetesche Produkter, déi perfekt mat ärer Wunneng harmonéieren. Parkett, Vinyl, Laminat oder Plättercher – wielt tëscht eise verschiddene Materialien a Léisungen, de Buedem vun Ären Dreem.
Méi Informatiounen
 

Locatioun

Mat eisem neie Kran/Container-Camion kënne mir iech d'Locatioune souwuel vum Kran wéi vum neien Container ubidden.
Méi Informatiounen
 
Gutt Qualitéit ass hieren Präis dowäert – mir garantéieren, datt all Investitioun an eis Servicer Iech laangfristeg Zefriddenheet bréngt. Mir sinn hei, fir Iech z’ënnerstëtzen a fir sécherzestellen, datt all Är Wënsch an Iddien erfëllt ginn. Kontaktéiert eis fir méi Informatiounen iwwer all eis Servicer!
Eis engagéiert Team freet sech op d'Zesummenaarbecht mat Iech!


Images